Firwat kënnen nëmmen Haiser mat engem Niedrigenergiestandard vun de Subside fir eng Luft-/Wasserwärmepompel profitéieren ?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu Subside fir d’Fërderung vun erneierbaren Energien un de Minister fir Energie weider ze leeden.

Am Kader vum Programm « Neistart Lëtzebuerg“ goufen d’Subventioune fir méi ekologesch Installatioune gefërdert. Zum Beispill koumen am Kader vum PRIMe House zousätzlech 50% Aiden fir eng energetesch Sanéierung vu Gebaier dobäi. Och kritt ee weider 25% bei der Installatioun vun erneierbaren Energien. Dobäi kritt een och eng Primme wann een seng Masuttsheizung ersetzt. Wann en Hausbesëtzer seng Masuttsheizung awer duerch eng Wärmepompel ersetze well, da kann dëse vun den zousätzleche Primmen nëmmen da profitéiere wann säin Haus mat engem “Niedrigenergiestandard“ gebaut ass. Dëst trëfft nun mol awer leider net op di méi al Haiser zou, an domadder kënnen di meeschten Hausbesëtzer net vun dëser Subventioun profitéieren. Et sinn awer grad an dëse Gebaier – di 10, 20 oder méi Joer al sinn – wou et extrem sënnvoll wier dës Haiser méi ekologesch ze gestalten anstatt ze ofzerappen an nei Haiser ze bauen an doduerch net der Ressourceverschwendung entgéint ze wierken. Dobäi kéint d’Wärmepompel eng wichteg Roll bei der Transitioun zu méi ekologesche Gebaier spillen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Kann de Minister confirméieren, dass nëmmen Haiser mat engem Niedrigenergiestandard vun de Subside fir eng (Fort-)Luft-/Wasserwärmepompel  profitéiere kënnen?
  • Wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?
  • Gesäit de Minister an, dass dës zousätzlech Konditioun d’ekologesch Transitioun vun onsen Haiser ofbremst an dass een an Zukunft wäert dëse Feeler muss korrigéieren?
  • Wann jo, wéini wäert dëst geschéien a wéi kéinten di nei Upassungen ausgesinn?

Här President mir bieden Iech onse déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles                                                       Martine Hansen

Deputéierten                                                   Deputéierten

 

Zréck