Firwat goufen bis dato nach keng Héichwaasserschutzmoossnamen un der Our ëmgesat?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu Héichwaasserschutzmoossnamen un der Our un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

 

D’Our ass ëmmer rëm vum Héichwaasser betraff, wat sech da bei den Urainer a Form vun Iwwerschwemmungen ausdréckt. Sou waren verschidden Plazen un der Our an de leschten 3 Joer bis zu 4 mol iwwerschwemmt. Fir etwaeg Héichwaasserschutzmoossnamen en Place ze setze, gouf eng Etude gemaach. Bis ewell gouf awer nach keng Moossnam ëmgesat. Fir dem Héichwaasser an Zukunft besser gewappnet ze sinn, muss een dem Floss méi Fläch zougestoe wou sech d’Waasser, zum Beispill bei Staarkreen, kann ausbreeden.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Ministesch stellen:

  • Wat sinn d’Resultater vun der Etude? Wat sinn d’Konsequenzen heivunner?
  • Wéi wëll d’Waasserwirtschaftsamt mat dësen néien Erkenntnisser ëmgoen?
  • Wéini soll et zu enger Entscheedung betreffend de Moossname kommen?
  • Firwat goufen bis dato nach keng Héichwaasserschutzmoossnamen un der Our ëmgesat?

 

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                    Paul Galles

Deputéierten                                                                         Deputéierten

Aly Kaes

Deputéierten

 

Zréck