Firwat ginn et Retarde beim Ausbezuele vun de Bäihëllefe fir d’Agrar-Emweltprogrammer ?

Fir d’Äntwert vum Minister ze liesen, klickt wgl op d’Dokument hei : QP 3563

Här Präsident,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Agrar-Ëmweltmossnamen un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.
An der Froestonn un Regierung vum 28. November iwwert d’Ausbezuele vun de Bäihëllefe fir d’Agrar-Ëmweltprogrammer vun de Kulturjoren 2014-2017 huet den Här Landwirtschaftsminister präziséiert wéini wei eng Bäihëllefe vun der Agrar-Ëmweltprogrammer sollen ausbezuelt ginn.

Sou sollt zum Beispill de Gülleausbrengprogramm am Dezember 2017 ausbezuelt gi fir Joren 2015-2016, sou dass Suen am Januar bei de Bauere géifen ukommen. Laut mengen Informatioune sinn des Bäihëllefen nach ëmmer net ausbezuelt ginn. Bei anere Bäihëllefe krute Bauere mol nach kee Formulaire fir ze ënnerschreiwen dat den Dossier ugefaange gëtt fir auszebezuelen.

Dofir wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  • Firwat si Bäihëllefe fir d’Agrar-Ëmweltprogrammer vun de läschten dräi Joer nach ëmmer net ausbezuelt ?
  • Wéini ginn se ausbezuelt ?
  • Firwat sinn net zumindest Avancen ausbezuelt ginn sou wei dat bei der Bioprimm fir Joer 2015-2016 geschitt ass, wou 85% Avancen de Baueren ausbezuelt gi sinn ?
  • Wei kennen an Zukunft sou Retarde verhënnert ginn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Députéiert

Zréck