Firwat gëtt et bis haut nach ëmmer keen eenzegt Transitiounshaus zu Lëtzebuerg?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un d’Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.

 

Ufank 2018 hat den deemolegen Justizminister d’Wichtegkeet vu sougenannten Transitiounshaiser – d.h. Haiser, déi et fréiere Prisonéier sollten erméiglechen, lues a lues nees Fouss an der Gesellschaft ze faassen, ënnerstrach.

 

Dës Iddi, déi scho säit längerer Zäit an anere Länner Realitéit ass, huet och hire Wee an de Koalitiounsaccord vun der aktueller Regierung fonnt :

 

Les travaux relatifs à la création de maisons de transition seront poursuivis afin de continuer à promouvoir la réinsertion sociale des détenus. La préparation à une réinsertion sociale réussie des détenus ne s’arrête pas au moment de leur sortie de prison. Afin d’éviter que les efforts de réinsertion sociale faits en prison soient vains, ce projet vise à soutenir ces personnes, pendant une période de transition et principalement en termes de logement et d’autres aides psycho-sociales, afin qu’elles puissent retrouver définitivement leur place dans notre société.“

 

Eisen Informatiounen no ginn et bis dato awer nach ëmmer keng sou Strukturen zu Lëtzebuerg.

 

Ech wéilt duerfir folgend Froen un d’Madamme Ministere stellen :

– Sinn d’Madamme Ministeren der Meenung, dass sou Transitiounshaiser eng wichteg Viraussetzung fir eng reusséiert Reinsertioun kënnen duerstellen?

– Kënnen d’Madamme Ministeren bestätegen, dass et bis haut nach ëmmer keen eenzegt Transitiounshaus zu Lëtzebuerg gëtt?

– Wou sinn d‘Aarbechten, vun deenen am Koalitiounsaccord rieds geet, konkret drun?

  • Konnte méiglech Immobilien schonn identifizéiert ginn? Wou wieren déi geleeën?
  • Wann net, wou an u wat hapert d’Ëmsetzung vun sou Projeten?

 

Mat déifstem Respekt,

Paul Galles
Deputéierten

Zréck