Firwat gëllt d’Recommandatioun fir sech géint d’Longenentzündung impfen ze loossen nëmmen bis zum Alter vun 85 Joren?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales  weiderzeleeden.

De Conseil supérieur des maladies infectieuses recommandéiert zanter Juli 2015, dat Leit tëschent 65 an 85 Joer an och Risikopatienten sech sollen géint d‘Longenentzündung impfen loossen. Laut engem Accord vum August 2018 tëschent der Regierung an der Caisse nationale des Santé ginn d‘Käschte vum Vaccin an deem Fall zu 100 Prozent vun der CNS iwwerholl. An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales stellen:

  • Envisagéiert d’Regierung en Eropsetzen vun der Altersgrenz, esou dat och Leit, déi méi al sinn wéi 85 Joer, de Vaccin vun der CNS rembourséiert kréien?
  • Firwat gëllt d’Recommandatioun fir sech géint d’Longenentzündung impfen ze loossen nëmmen bis zum Alter vun 85 Joren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck