Firwat ass den Noutruff 112 aus dem Ausland net z’erreechen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneminister weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no kann een net aus dem Ausland op déi Lëtzebuerger Noutruffnummer 112 uruffen. Hei e konkrete Fall, fir de Sujet z’illustréieren :

Eng eeler Fra geet an hirem Doheem zu Lëtzebuerg zesummen. Hire Fils, e Lëtzebuerger Resident, gëtt direkt vun enger Persoun, déi dobäi ass, kontaktéiert. De Mann ass zu deem Moment am Ausland a probéiert vun do aus, de Lëtzebuerger Noutruff 112 unzeruffen, fir senger Mamm Hëllef zoukommen ze loossen. Dat geet awer net, well den 112 net iwwer 00352 112 z’erreechen ass.

Eng vergläichbar Situatioun bitt sech eisen Informatiounen no och deene Leit, déi am Grenzgebitt wunnen an deenen hiren Handy sech mam belschen, däitschen oder franséische Reseau connectéiert huet: Et ass dann net méiglech, den 112 unzeruffen. Dat selwecht gëlt anscheinend fir modern Iwwerwaachungssystemer, déi via Handy Alarm schloen, wann et am Haus oder am Appartement brennt oder wann een abrécht. Wann een dee Moment am Ausland ass, kënnt een net un de Lëtzebuerger Noutruff.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Inneminister riichten:

  • Kann d’Madamm Inneminister confirméieren, dass de Lëtzebuerger Noutruff 112 net aus dem Ausland z’erreechen ass?
    • Wa jo, wéi laang ass déi Situatioun scho bekannt, wat sinn d’Grënn dofir a firwat ass näischt ënnerholl ginn, fir den Noutruff 112 – a wuel och de Police-Noutruff 113 – aus dem Ausland accessibel ze maachen?
  • Wéi eng Moossname wëll d’Madamm Inneminister huelen, fir um Niveau vun der Erreechbarkeet nozebesseren an a wéi engem Zäitraum soll dat geschéien?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden                                                     Max Hengel

Deputéierten                                                     Deputéierten

Zréck