Firwat ass de Cross-Country Championnat ofgesot ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zu dem kuerzfristeg verréckelten nationale Cross-Championnat un de Minister fir Sport weider ze leeden.

Wie een dëse Méinden aus de Medien (zum Beispill Le Quotidien) konnt liesen, huet de Cross-Country Championnat misste kuerzfristeg ofgesot ginn, obwuel een en Konzept mat Schnelltester op der Plaz virgeluecht hat. Dat Konzept gouf och vun der Santé gutt geheescht, mee leider huet sech d’FLA mat hirer Präsidentin an och den Sportminister laang mat enger Decisioun zréck gehale fir d’Evenement da kuerzfristeg ofzesoen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend dréngend Froen un d’Regierung stellen:

Firwat huet de Sportminister, am Géigesaz zu dem Ministère vun der Santé, esou laang gebraucht fir eng Decisioun ze huelen?
Wat sinn di weider Grënn fir dës Decisioun besonnesch ënnert dem Aspekt, dass des Sportaart am Fräien an net an enger Hal ausgeüübt gëtt?
Ass de Sportminister net der Meenung, dass en nationale Championnat ënnert d’Kategorie vum Elittesport fält?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo                                 Nancy Arendt ep Kemp

Deputéierten                                      Deputéierten

 

Zréck