Fir wat huet et esou laang gedauert bis d’Vëlosfederatioun Äntwerten op wichteg Froe kritt huet? Wéi kann et sinn datt d’Büroe vum Sportministere réischt säit dem 24. Juni rëm besat sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weider ze leeden.

An engem Interview an der geschriwwener Press vun haut, huet de President vun der Vëlosfederatioun sech driwwer beklot datt am Sportministere wochelaang kee Mataarbechter ze erreeche war an datt d’Büroe réischt säit Nationalfeierdag erëm besat wieren. Doduerch huet et méi wéi 10 Deeg gedauert bis d’Federatioun Äntwerten op ganz pertinent Froe fir de weideren Oflaf vun hiren Aktivitéite kritt huet.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann de Minister bestätegen datt d’Büroe vum Sportministere réischt säit dem 24. Juni rëm besat sinn?
  • Wéi huet de Sportministere wärend dem Confinement funktionéiert?
  • Wéi vill Mataarbechter waren am Teletravail?
  • Aus wéi engem Grond ass de Minister net proaktiv virgaang an huet d’Federatioune vu sech aus iwwer déi rezent Evolutiounen informéiert?
  • Fir wat huet et esou laang gedauert bis d’Vëlosfederatioun Äntwerten op wichteg Froe kritt huet?
  • Wëssend datt am Beräich vun de Federatiounen an de Veräiner zum ganz groussen Deel d’Aarbecht vu Benevollen assuréiert gëtt, ass de Minister net der Meenung datt een an esou Krisesituatiounen als zoustännege Ministère all Moyene muss a Beweegung setze fir déi fräiwëlleg an hirer wichteger Aarbecht fir eis Gesellschaft ze ënnerstëtzen?
  • Wa jo, fir wat huet dat an dësem spezifesche Fall net geklappt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Michel Wolter

Deputéierten

Zréck