Fëmmen op Terrasse vu Restaurant’en. D’Regierung huet sech an deem Kontext géint een Verbuet op den Terrassen ausgeschwat.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 575

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Fëmmen op den Terrasse vun Restaurant’en un den Här Minister fir Mëttelstand an un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Momentan ass an der Gesellschaft eng grouss Diskussioun iwwert d’Fëmmen op Terrassen vu Restaurant’en am gaangen. D’Regierung huet sech an deem Kontext géint een Verbuet op den Terrassen ausgeschwat. De Minister fir Mëttelstand huet an der Chamberkommissioun dem Horesca-Secteur seng Ënnerstëtzung fir Sensibiliséierungscampagnen zougeséchert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mëttelstand an un den Här Gesondheetsminister stellen:

  • Wéi huet den Här Minister fir Mëttelstand wëlles, d’Campagnen vun der Horesca ze ënnerstëtzen?
  • Gedenkt den Här Minister fir Mëttelstand, dës Campagnen finanziell ze ënnerstëtzen ?
  • Gett souguer vläicht envisagéiert eng gemeinsam Campagne mam Gesondheetsministère op Been ze stellen?
  • Ass ugeduecht dass Ministären vun der Santé an dem Mëttelstand een Logo fir fëmmfräi Terrassen entwéckelen?
  • Ass et méiglech eng Online-Plattforme ze lancéieren, wou Clienten gesinn, op wéi engen Terrassen däerf gefëmmt ginn an op wéi engen net?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

 

Zréck