Feelend Ënnerstëtzung vum Staat fir eng Ausstellung zum zweete Weltkrich am Kader vum 75. Anniversaire vun der Befreiung vu Lëtzebuerg ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 496

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech des parlamentaresch Fro iwwert eng Ausstellung zum zweete Weltkrich un Madamm Kulturminister weiderzeleeden.

Am Kader vum 75. Anniversaire vun der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch déi alliéiert Truppen, ass fir 2020 eng gemeinsam Ausstellung vun de Gemenge Péiteng an Dikrech iwwert den zweete Weltkrich geplangt.

Laut Informatiounen aus der Presse huet déi Dikrecher Gemeng lo decidéiert bei dëser Ausstellung net méi matzemaachen Den Dikrecher Schäfferot gesäit “zu viele finanziellen Unklarheiten und vermisse die staatliche Unterstützung, um sich an der Ausstellung zu beteiligen.” Den Dikrecher Buergermeeschter bestätegt, dass säi Schäfferot decidéiert huet net un dëser Ausstellung deelzehuelen an dass de finanziellen Opwand a sengen Ae vill ze vill grouss wuer.

An dësem Kontext wollt ech der Madamm Kulturminister folgend Froe stellen :

 

  • Ass et wouer, dass déi zwou Gemengen eng Demande de Subside un de Kulturministère gericht hunn ?

 

  • Stemmt et dass et eng feelend Ënnerstëtzung säitens vum Staat fir dës Ausstellung gëtt? Wa jo firwat ?

 

  • Wa nee, ass de Ministère net gewellt Gemenge finanziell ze ënnerstëtzen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Michel Wolter

Deputéierten

Zréck