Falen Notzungsverträg tëschent engem Bauer an der d’Société anonyme CFL-Immo ënnert d’landwirtschaftlecht Pachtgesetz?

Här President,

 

D‘CFL verlounen, respektiv verpachten iwwert d’Gesellschaft CFL-Immo SA ënner anerem och Terrainen un d’Baueren. Dat landwirtschaftlecht Pachtgesetz gëllt ënner anerem net, wann den Verpiechter de Staat oder eng Gemeng ass. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Mobilitéitsminister stellen:

  • Falen Notzungsverträg tëschent engem Bauer an der d’Société anonyme CFL-Immo ënnert d’landwirtschaftlecht Pachtgesetz?
  • Laut eisen Informatioune verlaangt d’Société anonyme CFL-Immo eng zousätzlech Feierversécherung, wann se Parzellen un e Bauer verpacht. Kann den Här Minister dat bestätegen? Ass dat fir all Flächen de Fall? Gin déi esou verséchert Risiken net d‘office vun der landwirtschaftlecher Betriibsversécherung of gedeckt?
  • Laut eisen Informatioune muss de Bauer nieft der Pacht bei Vertragsofschloss eng eemoleg Indemnitéit fir „frais d’instruction du dossier et de rédaction de l’autorisation domaniale“ bezuelen. Kann den Här Minister eis dat bestätegen?
  • Wann jo – firwat ginn des zousätzlech Indemnitéite gefrot an wéi gëtt des Indemnitéit berechent?
  • Gëtt dat och vun anere staatleche Verwaltungen esou gehandhaabt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck