Exorbitant Präisser fir de Parking vum Centre National Sportif et Culturel „d’Coque“: gedenkt d’Regierung ze intervenéieren datt d’Präisser ugepasst ginn, respektiv fir all Benevoller an och d’Eltere vu Mannerjärege Sportler de Parking gratis gëtt?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP377

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister vum Sport weider ze leeden.

Säit enger Zäitche gëtt iwwer déi exorbitant Präisser fir de Parking vum Centre National Sportif et Culturel „d’Coque“ diskutéiert.

Et ass effektiv esou datt bei enger ganzer Rei vu sportlechen Evenementer, vill Elteren sech beschwéieren datt si deier musse fir de Parking bezuele wann si hir Kanner ob Sportsmanifestatiounen, déi meeschtens de Weekend stattfannen, an der Coque begleeden.

D’Regierung huet an hirem Programm 2018-2023 annoncéiert datt an der Coque de Sport erëm d’Prioritéit viru Concerten an anere Manifestatioune soll kréien.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Deelt de Sportminister d’Meenung datt mir an Zäite vun enger Penurie vu Benevollen am Sport a vun engem Mangel u Beweegung vun eise Kanner a Jugendlechen, op esou Sportsmanifestatiounen an der Coque, esou héich Präisser fir de Parking net rechtfäerdege kënnen?
  • Wa jo, gedenkt d’Regierung ze intervenéieren datt d’Präisser ugepasst ginn, respektiv fir all Benevoller an och d’Eltere vu Mannerjärege Sportler de Parking gratis gëtt?
  • Wann nee, ass d’Regierung der Meenung datt déi Decisioun fërderlech ass fir d’Leit fir de Sport ze begeeschteren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt épouse Kemp

Deputéiert

Zréck