Euthanasie : Gëtt genuch informéiert a wéi kann de Wonsch vu betraffene Patiente besser respektéiert ginn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 1748

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Laut enger TNS Illres Ëmfro am Optrag vun der zoustänneger Kontrollkommissioun, wëssen 10 Joer nodeems d’Euthanasiegesetz zu Lëtzebuerg a Kraaft getrueden ass, nëmme 4 vun 10 Leit datt et esou e Gesetz gëtt. 85% vun de befrote Leit wieren awer fir esou e Gesetz.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Wéi ginn d’Patienten haut iwwer d’Méiglechkeet vun enger aktiver Stierfhëllef zu Lëtzebuerg informéiert?
Ass d’Regierung der Meenung datt d’Leit genuch informéiert sinn?
Wann net, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir d’Leit besser ze informéieren?
Laut Aussoen an engem Reportage bei RTL hu concernéiert Patiente Schwieregkeeten datt hire Wonsch no aktiver Stierfhëllef respektéiert gëtt, esouwuel am Spidol, an Infrastrukture fir eeler Leit oder och nach bei de Leit doheem. Kann de Minister dat confirméieren? Wat sinn d’Ursaachen?
Här President, mir bieden Iech eis déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt épouse Kemp          Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert                                         Deputéiert

 

 

Zréck