EU-Geriichtshaff veruerteelt Spuenien zu Amende vu 15 Milliounen € wéinst verspéiter Ëmsetzung vun Direktiv iwwer Schutz vu privat Donneeën. Huet dat Uerteel een Afloss op lafend legislativ Prozeduren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Den europäesche Geriichtshaff huet gëschter Spuenien zu enger Amende vu 15 Milliounen Euro verurteelt well eng europäesch Direktive aus dem Joer 2016 nach net an nationaalt Recht ëmgesat gouf, déi als Zil huet privat Donnéeë vun de Bierger am Kader vun enger Police Enquête ze schützen.

Wëssend datt bei eis am Land d’Implementatioun vum neie Fichiersgesetz spéitstens bis 2026 soll ofgeschloss sinn, géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Ass de Minister a Kenntnis vun dësem Urteel?
  • Wat sinn d’Conclusiounen déi d’Regierung aus dem Urteel zitt?
  • Huet dat Urteel evtl. en Afloss op déi lafend legislativ Prozedur?
  • Wa jo, gedenkt d’Regierung evtl. Ännerungen un bestoenden an zukünftege Gesetzgebunge virzehuelen?
  • Riskéieren déi virgesinnen Delaie am Projet zum Fichiersgesetz vu spéitstens 2026 net am Widdersproch zu de Prinzippien aus dem Urteel ze stoen a missten déi Delaien net am Projet ugepasst ginn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar                                                     Gilles Roth

Deputéierten                                                       Deputéierten

 

 

 

Zréck