Etüd vun der Universitéit Louvain iwwert Fléissweeër vum Waasser am belschen a lëtzebuerger Anzuchsgebitt vum Stauséi Uewersauer: Ënnerscheeden sech Resultater vun dëser Etüd mat de wëssenschaftlechtechnëschen Etüde déi bei de Preparative fir d’Schutzzonenausweisung gemaach gi sinn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP384

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Schutzzone ronderëm de Séi vun der Uewersauer un Madamm Minister fir Ëmwelt an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

An der Äntwert op Fro No 29 vum 14. November 2018 huet Regierung Resultater aus enger Etüd vun der Universitéit Louvain publizéiert déi Fléissweeër vum Waasser am gesamte belschen a lëtzebuerger Anzuchsgebitt vum Stauséi analyséiert huet.

An dësem Kontext wëlle mir de Ministere folgend Froe stellen:

 

  • Ënnerscheeden sech Resultater vun dëser Etüd mat de wëssenschaftlechtechnëschen Etüde souwuel am Beräich vun der Waasserqualitéit wéi vun der Hydrologie déi bei de Preparative fir d’Schutzzonenausweisung gemaach gi sinn ?

 

  • Ginn Resultater vu dëser Etüd nach analyséiert ier den Text vum Projet de règlement grand-ducal fir d’Fixéiere vun de Schutzzone ronderëm de Séi vun der Uewersauer am Regierungsrot finaliséiert gëtt ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                           Marco Schank

 

                                          Députéiert

Zréck