Ëmmer méi Leit gräifen op de Velo als Transportmëttel zréck. Wier et net sënnvoll datt, grad wéi am Stroosseverkéier och offiziell matgedeelt gëtt wou, wéini a fir wéi laang op Vëlospiste geschafft gëtt an datt dës Informatiounen och un d’Presse weidergeleet ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Fir eis Stroossen ze entlaaschten an d’Ëmwelt ze schounen, gëtt bekanntlech de Vëlo als Alternative ënnerstëtzt an de Reseau vun de Vëlospisten am Land kontinuéierlech ausgebaut. Et kann een och feststellen datt an deene Géigende wou et méiglech ass, ëmmer méi Leit op de Vëlo als Transportmëttel zréckgräifen, virun allem fir kuerz oder mëttel Distanzen.

D’selwecht wéi op eise Stroossen gëtt och reegelméisseg op de Vëlospistë geschafft, sou datt d’Cyclisten dann deemno wéi e gréisseren Ëmwee fuere mussen oder awer op eng villbefuere Strooss auswäichen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wier et net sënnvoll datt, grad wéi am Stroosseverkéier och offiziell matgedeelt gëtt wou, wéini a fir wéi laang op Vëlospiste geschafft gëtt an datt dës Informatiounen och un d’Presse weidergeleet ginn?
  • Wa jo, wéi eng Instanz kéint dat iwwerhuelen?
  • Wier d’Regierung bereet op de Wee vun enger Applikatioun (“App”) ze goen, déi (i) engersäits all d’Vëlosweeër uweist an (ii) och géif uweise wéi eng Weeër wéini gespaart wieren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

 

Zréck