Ëffentlech Aussschreiwung fir Liewesmëttel am Prisong ouni grouss Chance fir national a regional Produkter ?

Hei fann der d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro : QP0020

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert déi ëffentlech Liewensmëttelausschreiwunge vum Prisong un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Justizminister weider ze leeden.

An der rezenter Vergaangenheet huet den Här Landwirtschaftsminister ëmmer erëm betount datt eng Valorisatioun vun de regionale Produkter wichteg wär. Och huet Regierung sech am Kader vun der ëffentlecher Unhéierung zur Petitioun iwwert lëtzebuerger Produkter an der ëffentlecher Restauratioun fir méi regional Produkter ausgeschwat.

De 27.November huet de „Centre pénitentiaire de Luxembourg“ eng ëffentlech Ausschreiwung fir „produits crèmerie pour les besoins du centre pénitentiaire de Luxembourg pendant l’année 2019“ opgemaach, an een deementspriechend Laaschtenheft fir déi verschidde Produkter opgestallt.

Duerch eng ganz restriktiv Definitioun fir verschidde Produkter respektiv Verpackungen ass et am Prinzip onméiglech  dat e lokaalt Produkt ka geholl ginn. Deemno kenne fir verschidde Produkter nëmmen auslännesch Zouliwwerer un dëser Ausschreiwung deelhuelen.

D’Gesetz iwwert déi ëffentlech Ausschreiwunge vum 8.Abrëll 2018 gesäit neierdéngs Méiglechkeet fir fir de Marché op Basis vun der Qualitéit ze attribuéieren an net méi systematesch nom niddregste Präis. D’Pouvoirs adjudicateurs hunn och d’Recht, gewësse Spezifikatiounen oder unerkannte Labelen an Zertifikatioune vun den Ubidder ze verlaangen, fir sécher ze stellen, datt héich Ëmwelt- a Sozialnorme respektéiert ginn. Bei der Ausschreiwung vum „Centre pénitentiaire de Luxembourg“ gëtt awer leider net no dëse Faktore gefrot. De Präis ass den eenzege Kritär fir den Zouschlag ze kréien.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an dem Här Justizminister folgend Froe stellen

·         Entsprécht déi ëffentlech Liewensmëttelausschreiwung vum Prisong den Erwaardungen  vun der Regierung?

·         Firwat gëtt bei dëser Ausschreiwung nëmmen de bëllegste Präis a Betruecht gezunn an net och Qualitéit, Nohaltegkeet a sozial Faktoren?

·         Huet den Här Landwirtschaftsminister allgemeng  Recommandatiounen eraus ginn, fir esou Ausschreiwungen ze formuléieren? Wa jo, wéi eng Recommandatiounen? Wann neen – firwat huet den Här Minister net aktiv den Asaz vu lokale Produkter ënnerstëtzt?

·         Huet den Här Justizminister Recommandatiounen un den Centre pénitentiaire gemaach, datt méi op lokal Produkter zeréck gegraff gëtt? Wa jo – wéi eng? Wann neen – firwat net?

·         Firwat ginn d’ Ausschreiwungen esou formuléiert datt fir eenzel Produkter, méi kleng respektiv lokal Produzente guer net kënne bei der ëffentlecher Ausschreiwung matmaachen?

·         Kann e Fournisseur op enger eenzeler Positioun eng Offer ofginn oder muss op dem kompletten Dossier de Soumissioun eng Offer gemaach ginn?

·         Favoriséiert d’Regierung een eenzege Fournisseur fir all Produkter oder geet se éischter a Richtung vun individuelle Fournisseure wat jo en Faveur vu regionale Produzente ka goen?

De Plastik-Offall ass ee grousse Problem weltwäit. D’EU-Parlament huet kierzlech driwwer ofgestëmmt, dass eng Partie Produite wéi Stréihällem, Plastiksgeschir an Ouerestäbercher solle verbuede ginn .

·         Firwat ginn an dëser Ausschreiwung explizit Verpackungen aus Plastik resp. mat “paille” gefrot? Misst de Staat net hei mam gudde Beispill virgoen, an deementspriechend Richtlinnen un seng Verwaltunge weider ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Députéiert

Zréck