E Steierzueler deen eng fräiwëlleg Steiererklärung mécht, kann dëst just bannent engem gewëssen Delai maachen. Ass dës Situatioun net eng Ongerechtegkeet par Rapport zum Steierzueler ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Finanzminister weider ze leeden.

E Steierzueler deen eng fräiwëlleg Steiererklärung mécht, kann dëst just bannent engem gewëssen Delai maachen. Iwwer deen Delai eraus, gëtt se mengen Informatiounen no net méi ugeholl.

Doraus ergëtt sech, dass Leit déi näischt vun deem Delai woussten, verschidde Reduktioune vun hirem besteierbaren Akommes net méi   kënne geltend maachen (z.B. am Fall vum Kaf vun enger Wunneng wann een d’Reschtscholdversécherung oder d’Zënse wëll ofsetzen).Op der enger Säit kann d’Steierverwaltung vun de Contribuabele réckwierkend Steiererklärungen afuerderen. Wann anerersäits de Contribuabel eng Steiererklärung wëllt maache fir seng Steierschold ze reduzéieren, geet dat net.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune confirméieren?
  2. Wa jo, wou genau ass dësen Delai festgehalen ?
  3. Deelt d’Regierung d’Meenung datt dës Situatioun eng Ongerechtegkeet par Rapport zum Steierzueler duerstellt ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Serge Wilmes

Deputéierte

Zréck