D‘Waasserschutzgesetz gesäit fir, datt den Ëmweltministère a Waasserschutzgebidder ënner ganz bestëmmte Bedingunge kann eng Derogatioun accordéieren. Wéi vill Derogatioune sinn d’lescht Joer an dëst Joer ugefrot ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

D‘Waasserschutzgesetz gesäit fir, datt den Ëmweltministère a Waasserschutzgebidder ënner ganz bestëmmte Bedingunge kann eng Derogatioun accordéieren. Des Reegelung ass virun allem fir déi aktiv Bauere wichteg. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen:

  • Wéi vill Derogatioune sinn d’lescht Joer an dëst Joer ugefrot ginn?
  • Wéi vill sinn der accordéiert ginn?
  • Wéi laang dauert et, bis datt d’Baueren eng Äntwert op hir Demande kréien?
  • Riicht d’Dauer vun der Derogatioun sech nom Kulturjoer?
    • Wann nee, wéi kann de Bauer an dem Fall den Ubau vu senge Kulture plangen?
  • Wéi eng wirtschaftlech rentabel Alternative bitt de Ministère de Bauere bei de Ackerkulturen un?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck