D‘Waasser ass am Gaardebau e wichtegt Produktiounsmëttel. Plangt d’Regierung generell e speziellen reduzéierten Waasserpräis oder eng staatlech Bäihëllef beim Waasser fir Gaardebaubetriber?

Här President,

 

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft weiderzeleeden.

 

Well et an de leschte Wochen net genuch gereent huet, huet de Gaarden- an de Uebtsbaubau staark ënnert de Dréchent ze leiden. Gläichzäiteg explodéieren Produktiounskäschten wéinst den héijen Energiepräisser. An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Wat mécht d’Regierung, fir de Gäertner an den Uebtsbaueren bei den zousätzlechen Käschten, déi duerch Bewässerung vun de Kulturen entstinn, entgéint ze kommen, dat virum Hannergrond, dat de Gaardebau am Kader vun der Diversifizéierung vun der Landwirtschaft soll gefërdert ginn?
  • D‘Waasser ass am Gaardebau e wichtegt Produktiounsmëttel. Plangt d’Regierung generell e speziellen reduzéierten Waasserpräis oder eng staatlech Bäihëllef beim Waasser fir Gaardebaubetriber?
  • Gesäit d’Regierung speziell Aiden fir Gaardebaubetriber, speziell déi mat Zären, fir, fir déi héich Energiepräisser zumindest deelweis opzefänken, esou wéi dat fir aner energie-intensiv Entreprisen am Tripartite-Accord virgesinn ass?
    • Wann nee, fir wat falen d’Gäertner net ënnert dëse Regime?
  • Zu Conter ass e Pilotprojet geplangt, fir dat d’Reewaasser aus der Industriezon kann fir Bewässerungszwecker genotzt ginn. Wou ass dee Projet drun?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Zréck