D’Uni Lëtzebuerg huet eng Etüd iwwert d’Offices Sociaux virgestellt, déi eng ganz Rëtsch vu Froen opwerft.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 651

 

Här President,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un d‘ Madamm Familljeministesch weider ze leeden.

Viru kuerzem gouf d’Etüd vun der Uni Lëtzebuerg iwwert d’Offices Sociaux (kommunal Sozialämter) virgestallt. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d‘ Madamm Familljeministesch stellen;

 

  • Wéi gesäit de weideren Suivi vun den Recommandatiounen aus där Etüd au s?

 

  • Ginn di verschidden Hëllefen an Dispositiver och an den nächsten Joren analyséiert an evaluéiert ? Wa jo, wéi a vu wiem soll dat geschéien ?

 

  • D’Etüd huet sech dorobber limitéiert fir déi intern Acteuren aus de kommunalen Sozialämter ze befroen an d’Beneficiairen. Gedenkt d´Madamm Ministesch och d’Erfarungen an d’Erwaardungen vun de Gemengevertrieder (Schäffen- a Gemengeréit) nach zousätzlech ze erhiewen fir ze gesinn wéi si d’Instrument vun de Sozialämter am Kader vun der kommunaler Sozialpolitik aschätzen a bewäerten ?

 

  • D’Etüd recommandéiert d´Relatioun teschend dem Familljeministère an de Sozialämter duerch d’Aféieren vu reegelméissegen Informatiouns- an Austauschsëtzungen weider ze verbesseren.

Wëll de Ministère heifir eng Austauschplattform institutionaliséieren ?

Sollten déi elo schonns existéierend reegelméisseg Austauschréuniounen a -Plattformen net vill méi staark an Zukunft ënnerstëtz ginn, wéi beispillsweis d’Entente des Offices sociaux, déi säit 10 Joer bestoend “Journée d’échange” vum RESONORD oder déi regional Austauschkreeser um Niveau vun de PresidentInnen ?

 

  • Vu dat et keng national gülteg Richtlinnen ginn, erfaasst all Office Social seng Leit no eegene Kritären. Ass et virgesinn fir eng national kohärent an eenheetlech Erfaassung bei allen sozialen Servicer am Déngscht vun den Betraffenen opzebauen ?

 

  • D’Kritäre fir den Octroi vun de Finanzhëllefen duerch d’Sozialämter, si gesetzlech net explizit festgeluecht.

Envisagéiert d‘ Familljeministesch an deem Kontext eng landeswäit Harmoniséierung vun den Hëllefen ?

 

  • 80% vun de Leit, déi sech un d’Offices Sociaux wennen, maachen dat eréischt, wann hir Problemer riseg sinn. Gläichzäiteg hunn méi ewéi d’Halschent uginn, hir sozial Rechter net ze kennen. Gedenkt d‘ Madamm Ministesch d‘ Populatioun méi ze sensibiliséieren, respektive méi Opklärungsaarbecht ze leeschten ?

 

  • Den Artikel 3 vum Gesetz gesäit fir, datt d’Sozialhëllef “präventiv” sollt sinn. Wéi eng präventiv Mesuren existéieren haut a wéi eng gedenkt de Ministère an Zukunft ze developpéieren an der Zesummenaarbecht mat de kommunale Sozialämter ?

 

  • D’Auteuren vun der Etüde schloen och vir, fir d’Personalressourcen un ee kommunalen Sozialindex ze koppelen, esou wéi dat beispillsweis bei der Grondschoul haut schonns de Fall ass. Wëll de Ministère op dee Wee goen an d’Personalressourcen un esou en “Indice social” koppelen ?

 

 

Mat déiwem Respekt,

 

Paul Galles

Deputeierten

Zréck