Duerch Covid19 Mesüren kommen Studentenorganisatiounen a finanziell Enkpäss. Gesäit d’Regierung fir sech mat den Studentenorganisatiounen a Verbindung ze setzen ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung ewéi och un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

 

Wéi gëschter annoncéiert vun der Regierung, mussen d’Studentebaler dest Joer kierzfristeg op Grond vun de neien Covid-Restriktiounen ofgesot ginn.

Ewéi et aus engem Artikel am Tageblatt vum 23. Dezember 2021 heescht, hätt des kuerzfristeg Entscheedung vun der Regierung d’Studentenorganisatiounen, déi des Baler all Joers organiséieren, an eng finanziell Kris gestierzt.

D’Studentenorganisatiounen wieren net géint «Pandemie» verséchert an missten deemno kucken wéi se hier investéiert Suen elo erëm hierkréien.

Wëssend dass d’Studentenorganisatiounen sech gréisstendeels duerch organiséiert Baler finanzéieren, wéilte mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Huet d’Regierung sech mat de Studentenorganisatiounen a Verbindung gesat vir iwwert dëse Probleem ze schwätzen ?
  • Wann jo, kann d’Regierung eis iwwert d’Resultat vun dëser Interaktioun informéieren ? Ass et zu engem Accord komm tëschent der Regierung an de Studentenorganisatiounen betreffend der finanzieller Kris an déi dës eragerutscht sinn op Grond vun de neien Restriktiounen ?
  • Wann nee, aus wéi engem Grond? Gesäit d’Regierung fir sech mat den Studentenorganisatiounen a Verbindung ze setzen ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Marc Spautz

Zréck