Dubai 2020 soll eng Fënster sinn, fir Lëtzebuerg a seng Produktiounen engem Weltpublikum virzestellen. Da wär et dach normal, dat nëmme Lëtzebuerger Wäiner a Crémanten am Lëtzebuerger Pavillon ugebuede ginn. Aus wéi engem Grond ass dat net esou, a firwat ginn och Net-Lëtzebuerger Wäiprodukter ugebueden ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wäibauminister, den Här Wirtschaftsminister an den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

An der Schengen Lounge vum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2020 zu Dubai fënnt een, nieft enger Selektioun u Lëtzebuerger Wäin a Crémant, eng ganz Rëtsch Wäiner aus aller Häre Länner, sou wéi franséische Champagner. Et muss een och feststellen, datt dës Produkter zum Deel zu engem vill méi bëllege Präis ugebuede gi wéi eis Lëtzebuerger Qualitéitswäiner a Crémanten.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  1. Dubai 2020 soll eng Fënster sinn, fir Lëtzebuerg a seng Produktiounen engem Weltpublikum virzestellen. Da wär et dach normal, dat nëmme Lëtzebuerger Wäiner a Crémanten am Lëtzebuerger Pavillon ugebuede ginn. Aus wéi engem Grond ass dat net esou, a firwat ginn och Net-Lëtzebuerger Wäiprodukter ugebueden ?
  2. No wéi enge Critèrë goufen déi aner Produkter ausgesicht ?
  3. Deelt d’Regierung d’Meenung datt et am Kader vun esou enger Expo, wou ee säi Land presentéiert, net sënnvoll wier, wann exklusiv déi national Produkter ugebuede ginn ?
  4. Wa jo, wéi goufen d’Präisser fir déi Lëtzebuerger Produkter festgeluecht ?
  5. Gëschter war an eiser Chamber eng Interpellatioun iwwer de Lëtzebuerger Wäibau a seng Zukunft, mat enger eenhelleg gedeelter Meenung, datt méi Promotioun fir seng Commercialisatioun soll gemaach ginn. Firwat handelt d’Regierung net an deem Sënn?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Octavie Modert Léon Gloden Françoise Hetto-Gaasch
Deputéiert

Zréck