D’Sécherheetslag am Mali riskéiert sech ze verschlëmmeren. Wéi vill Persounen vu Lëtzebuerger ONGen befannen sech aktuell an der Regioun a wéi garantéiert d’Regierung d’Sécherheet vun deene Leit op der Plaz ? Ass séchergestallt, dass dës Persounen jee no Entwécklung vun der Situatioun direkt rapatriéiert kënne ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Aussen- an Europaminister, un den Här Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten an un den Här Verdeedegungsminister an betreffend déi aktuell politesch Lag am Mali an der Sahel-Regioun weiderzeleeden.

 

Nom Militärputsch am Mali fäerten vill Observateuren eng nei Degradatioun vun der Sécherheetslag am Mali an doriwwer eraus. Sou goufen virun 10 Deeg am Niger Mataarbechter vun enger franséischer ONG am Niger vun enger arméierter Grupp attackéiert an ëmbruecht. Haut soll och den UN-Sécherheetsrot sech mat der Situatioun am Mali befaassen.

 

Lëtzebuerg ass op ville Pläng an der Regioun engagéiert. Op humanitärem Plang, am Beräich Entwécklungszesummenaarbecht awer och um Niveau vun der Sécherheet.

 

Nach Uganks dës Joers huet déi deemoleg Ministerin fir Entwécklungszesummenaarbecht ënnerstrach, dass d’Sécherheetslag evidenterweis e groussen Impakt op bestoend Projeten hätt. Vum 19. Mee 2020 bis den 19. Juni 2022 sollten och nom Rotatiounsprinzip 27 Zaldoten un der EU-Missioun EUTM Mali deelhuelen.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Häre Ministere stellen :

 

  • Wéi bewäerten d’Ministeren d’Sécherheetslag an der Sahel-Regioun?

 

  • Wéi vill Persounen vu Lëtzebuerger ONGen befannen sech aktuell an där Regioun? Wéi garantéiert d’Regierung d’Sécherheet vun deene Leit op der Plaz ? Kréien d’ONGen vun eise staatleche Servicer eng Aart „Guidance“ wéi si sech ze verhalen hunn, fir keen onnëtze Risiko anzegoen?

 

  • Ass séchergestallt, dass dës Persounen jee no Entwécklung vun der Situatioun direkt rapatriéiert kënne ginn? Wéi séier kann esou ee Rapatriement op d’Bee gestalt ginn?

 

  • Wéi een Impakt huet dës Situatioun konkret op d’Duerchféieren vun Projeten am Beräich Entwécklungszesummenaarbecht?

 

  • Wéi vill Lëtzebuerger Zaldoten hale sech den Ament an der Sahel-Regioun op? Wéi gëtt hir Sécherheet beschtméiglech garantéiert?

 

Mat déifstem Respekt,

Paul Galles
Deputéierten

 

Zréck