Drock op den IOC erhéicht: Gedenkt d’Regierung sech der Erklärung vun den 34 Natiounen unzeschléissen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu un den Här Minister fir Sport weider ze leeden.

Nodeems d’EU-Parlament den 15. Februar an enger Resolutioun d’Politik vum IOC vis à vis vun enger eventueller Participatioun vu russeschen an wäissrusseschen Athleten un den Olympesche Spiller condamnéiert huet, hunn de Méinden 34 Natiounen, dorënner Däitschland, Frankräich, d’USA a Groussbrittanien den Drock op den IOC weider erhéicht an eng Erklärung vum IOC gefuerdert wat „d‘Russland-Fro“ an „d’Neutralitéit vun den russeschen an wäissrusseschen Athleten“ genau bedeit bzw. wat dorënner ze verstoen ass.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un de Minister stellen:

  • Gedenkt d’Regierung sech der Erklärung vun den 34 Natiounen, dat vun der brittescher Regierung verëffentlecht gouf, unzeschléissen?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck