Drénglechkeets-Fro un de Minister fir bannenzeg Sécherheet iwwer den zentrale Fichier vun der Poliss. Well an deem Fichier, wéi aus der nationaler Press ervirgeet, scho längst bezuelten „Avertissements taxés“ fir Verstéiss géint Stationementregelen vu concernéierte Bierger ouni erkennbar Zäitlimitt archivéiert ginn.

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir gären eng Drénglechkeets-Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen.

 

Wéi mir aus der nationaler Presse gewuer ginn, ginn am zentrale Fichier vun der Police scho längst bezuelten „Avertissements taxés“ fir Verstéiss géint Stationementregelen vu concernéierte Bierger ouni erkennbar Zäitlimitt archivéiert.

 

An dem Kader, wëlle mir dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet dës Froe stellen:

 

  1. Kann den Här Minister confirméieren, datt „Avertissements taxés“ fir Verstéiss géint Stationementregelen ouni Zäitlimitt am zentrale Fichier vun der Police archivéiert ginn?

 

  1. Wann dem sou ass, empfënnt den Här Minister dësen Zoustand als normal an am Respekt vum „droit à l’oubli“ vun all Bierger?

 

  1. Kann den Här Minister eis doriwwer eraus soen, op a wéi déi eenzel Infraktiounen datéiert ginn?

 

  1. Kann den Här Minister eis weider matdeelen, wat déi legal Basis ass, fir esou Contraventiounen an engem Police-Fichier ze stockéieren?

 

  1. Mengt den Här Minister wierklech, datt sou een Archivage vun „Avertissements taxés“ fir Verstéiss géint Stationementregelen sécherheetspolitesch ze rechtfäerdegen ass? Aneschters gefrot: Stellt eng Persoun, déi falsch parkt wierklech an den Aen vun der Regierung eng Gefor fir déi ëffentlech Sécherheet duer?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Gilles Roth
Deputéierten

 

Zréck