D’Réimecher Post gëtt den 3. Februar 2020 duerch e sougenannte “Point Post” ersat. Wat bedeit dat genee fir d’Kantonalhaaptstad?

D’Äntwert op des parlamentaresch Fro fann der hei : QP 1728

Här Chamberspresident,

Esou ewéi et am Artikel 83 vum Chambersreglement steet, wëll ech eng parlamentaresch Ufro iwwert de Postbüro zu Réimech un den Här Wirtschaftsminister stellen.

En offiziell Informatiounsblat vun EPT-Post Lëtzebuerg ass viru kuerzem vum Bréifdréier an d’Haiser ausgedeelt ginn, mat der Ukënnegung, dat d’Réimecher Post vum 3. Februar 2020 un ersat gëtt duerch e sougenannte „Point POST“ op enger anerer Plaz zu Réimech.

An dësem Kontext géif ech dem Wirtschaftsminister gär folgend Froe stellen :

  1. Wat sinn d’ Krittären fir e Postbüro („Postamt“, „agence de poste“) zouzemaachen?
  2. Wéi eng Krittären waren d’Ursaach fir déi Réimecher Post zouzemaachen, an duerch e Point POST ze ersetzen?
  3. Wéi vill Leit sinn am Duerchschnëtt pro Dag respektiv pro Jar zu Réimech an d’Agence gaangen an de leschten 5 Joer? Wéi vill Déngschtleeschtungen sinn do virgeholl ginn?
  4. Ass den Här Minister net der Meenung, dass an all Kantonalhaaptstad e komplette Postbüro si muss, deen all Post- an eventuell Telekommunikatiounsdéngschtleeschtungen ubitt?
  5. Wéi eng Auswierkungen huet dës Entscheedung am Personalberäich?
  6. Gëtt deen neie Point POST zu Réimech vun der Post selwer bedriwwen an duerch Postagenten?
  7. Wéi gëtt d’Netz vun de Postagencen an Zukunft ëmstrukturéiert a wat huet dat fir Konsequenzen op d’Personal ?

Mat déifstem Respekt,

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck