D’Presidentin vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ huet proposéiert am Bus méi Plaz fir Vëloen ze schaffen. Wéi gesäit den Här Minister fir Mobilitéit dës Propositiounen? Bis wéini kéinten dës Propositiounen an d’Realitéit ëmgesat ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

 

Rezent war d’Presidentin vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ (LVI), Invitée vum Dag um Radio 100,7. Si huet do e.a. folgend Propositioune gemaach:

 

  • e vereinfachten Accès an de Bus,
  • méi Plaz an de Busse fir de Vëlo, andeems 2 bis 3 Sëtzer géifen erausgeholl ginn.

 

Duerfir wéilte mir folgend Froen un den Här Minister stellen :

 

  • Sinn dem Här Minister dës Propositioune bekannt?

 

  • Wéi gesäit den Här Minister dës Propositiounen? Bis wéini kéinten dës Propositiounen an d’Realitéit ëmgesat ginn?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Serge Wilmes
Deputéierten

Zréck