Dierf en Bam iwwert déi legal Héicht vun 2 Meter erauswuessen, wann de Proprietär vum Nopeschterrain domadder averstanen ass?Dierf en Bam iwwert déi legal Héicht vun 2 Meter erauswuessen, wann de Proprietär vum Nopeschterrain domadder averstanen ass?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Inneministesch weiderzeleeden .

 

Laut Artikel 671 a 672 vum Code Civil, musse Beem an aner Planzen, déi manner méi ewéi 2 Meter Ofstand zum Terrain vum Noper hunn, och maximal 2 Meter héich sinn. Ass dëst net de Fall, kann de Proprietär vum ugrenzenden Terrain d’Zréckschneide vun dëse Planze verlaangen. Well den ëffentleche Stroosseraum, Trottoiren a Parksträifen ëmmer un eng friem, privat oder ëffentlech grenzen, stellt sech d’Fro no der Reegel, déi fir d‘ Stroossebeem an aner Beplanzunge vu Staat a Gemenge gëllt.

 

Well et fir d’Loftqualitéit, d’Biodiversitéit, de Schied an de Raumklima vum stättesche Raum wichteg ass méiglechst vill Plantatiounen ze hunn, stellen ech gäre folgend Froen an dësem Zesummenhang un d’Madame Inneministesch :

 

  • Gëllt déi Reegel vun der obligatorescher Distanz vun 2 Meter zum ugrenzenden privaten Terrain och fir den ëffentlechen Raum inklusiv dem Stroosseraum, den Trottoiren an de Parksträifen?
  • Wann e Plan d’aménagement particulier vun engem néie Quartier Grénganlage mat Beem mat manner ewéi zwee Meter Distanz zu private Terraine virgesäit an accordéiert ginn ass, priméieren dann déi genannten Artikelen aus dem Code Civile iwwert den accordéierte PAP?
  • Dierf en Bam iwwert déi legal Héicht vun 2 Meter erauswuessen, wann de Proprietär vum Nopeschterrain domadder averstanen ass? Wa Jo, wei muss deen Accord festgehale ginn?
  • Vill Gemenge wëlle Beem an de Parksträife planzen, wat awer dann duerch déi uewegenannten Artikelen a Fro gestallt ass wann z.B. den Trottoire keng 2 Meter breet ass. Wéi mengt d’Madame Ministesch, sollen d’Gemenge virgoen, fir hiren ëffentleche Raum méi gréng ze gestalten?
  • Ass d’Madame Ministesch net der Meenung, dass déi uewegenannten Artikelen an deem Sënn ëmgeännert solle ginn, sou dass déi Distanz vun 2 Meter net fir ëffentlech Stroosseninfrastrukture gëllt, an op eng praxisbezunn a machbar Distanz geännert gëtt – besonnesch wann den Nopeschterrain net bis un d’Grenz bebaut ass ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

 

Zréck