D’Gemenge sinn ee wichtegen Acteur fir d‘Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg ze léisen a vill vun hinne sinn och bereet Verantwortung ze iwwerhuelen. Sou stellen sie zum Beispill den ëffentleche Bauträger, wéi dem Fonds du Logement oder der SNHBM Terrain‘en zur Verfügung fir sozialen an abordabele Wunnengsraum ze schafen.

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de sozialen an abordabelen Wunnengsbau un den Här Wunnechtsbauminister weiderzeleeden.

 

Den Här Wunnechtsbauminister huet a sengen éischten Aussoen ënnerstrach, dat Gemenge ee wichtegen Acteur sinn fir d‘Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg ze léisen a vill vun hinne sinn och bereet Verantwortung ze iwwerhuelen. Sou stellen sie zum Beispill den ëffentleche Bauträger, wéi dem Fonds du Logement oder der SNHBM Terrain‘en zur Verfügung fir sozialen an abordabele Wunnengsraum ze schafen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Wunnechtsbauminister riichten

  • Wéi vill Terrain’en kruten déi ëffentlech Bauträger an de läschte 5 Joer vun de Gemengen zur Verfügung gestallt?

 

  • Wéi vill vun dësen Terrain’en sinn an der Tëschenzäit viabiliséiert ginn?

 

  • Wéi vill Wunnenge sinn op dësen Terrainen an des läschte 5 Joer entstanen?

 

  • Wéi laang dauert et an der Reegel nom Unhuele vun engem PAP bis d‘Bauaarbechten konkret op dësen Terraine ufänken? Wéi huet dës Zäitspan an de läschte 5 Joer evoluéiert?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck