D’Etude CLEAR hat d’Ziel méi iwwer d’Suitten vun enger Covid-19 Infektioun bei de Kanner rauszefannen. Wat sinn d’Konklusiounen vun der Etude? 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

D’Etude CLEAR vum CHL ass vu Pediateren aus der Kannerklinik an Zesummenaarbecht mat der Inspection sanitaire an dem Laboratoire National de Santé gemaach ginn. Vu Mäerz bis Dezember 2020 goufe klinesch a virologesch Donnéeë vu Kanner analyséiert déi eng Covid-Infektioun haten. Ziel war et méi iwwer d’Suitten vun enger Covid-19 Infektioun bei de Kanner rauszefannen an och de Long-Covid bei de Kanner ze analyséieren.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

 

  • Wéi vill Kanner/Elteren hunn bei dëser Etude matgemaach?
  • Wat sinn d’Konklusiounen vun der Etude?
  • Ass dës Etude ëffentlech resp. gëtt dru geduecht se ze publizéieren?
  • D’Madamm Minister huet kierzlech erkläert datt de Pilotprojet zum Réseau de prise en charge Long-Covid géif weidergefouert an eventuell ausgebaut ginn. Ass virgesinn Kanner an Zukunft an dësem Projet ze integréieren?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo Max Hengel
Deputéiert

 

 

Zréck