Depressiounen gehéieren zu der am heefegsten ënnerschaten Erkrankung an eiser Gesellschaft. Wéi gesinn d’Statistiken a punkto Depressiounen hei zu Lëtzebuerg aus?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Depressiounen gehéieren zu der am heefegsten ënnerschaten Erkrankung an eiser Gesellschaft.

An Däitschland sinn 11,3% vun de Fraen an 5,1% vun de Männer vun Depressiounen betraff. Sou leiden Fraen duebel sou oft un Depressiounen wie Männer. Vill leiden hiert liewelaang dorunner, am schlëmmste Fall feiert d‘ Krankheet och an de Suicide.

Aus dem Grond,well ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Ginn et an desem Kontext och Statistiken vir Lëtzebuerg?
  • Wei vill Fraen a Männer leiden hei zu Lëtzebuerg un Depressiounen?
  • Wei vill vun hinnen sinn a Behandlung?
  • Wei vill Leit huelen sech d‘ Liewen op Grond vun Depressiounen?
  • Hunn mir genuch Personal wat op d‘ Behandlung vun Leit mat Depressiounen spezialiséiert ass?
  • Wei laang sinn Waardezäiten an der Moyenne fir eng Therapieplaz ze kréien?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

Nancy Arendt

Deputeierten

 

Zréck