Den Ëmweltministère plangt nei Natura-2000-Gebidder auszeweisen. Ginn d’Leit dës Kéier uerdentlech informéiert a participéiere gelooss? Mat wéi engen Oplagen mussen déi betraffe Leit an och d’Bauere rechnen? Ëmweltschutz ass wichteg. Awer nëmmen am Dialog mam Bierger.

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

 

Duerch een Urteel vum Verwaltungsgeriicht vum 16. November 2017 gouf ee groussherzoglecht Reglement vum 4. Januar 2016 annuléiert. Domat war d’Ausweisung vu 6 Natura-2000-Zonen ënnert Form vun Spezialschutzzonen (ZPS) hifälleg.

An engem zweeten Urteel vum 8. Januar 2020 koumen d’Riichter vum Verwaltungsgeriicht zu engem änleche Verdikt. Folgende Passus gouf och duerno vun den Appelriichter iwwerholl :

« Le tribunal retint ensuite que l’article 8 de la Convention sur l’accès à l’information, la participation du public au processus décisionnel et l’accès à la justice en matière d’environnement, faite à Aarhus (Danemark), le 25 juin 1998, approuvée par la loi du 31 juillet 2005, ci-après « la Convention d’Aarhus », imposait l’obligation aux signataires de ladite convention d’offrir aux administrés la possibilité de participer effectivement à l’élaboration de dispositions réglementaires et constata, d’une part, que ni la loi du 19 janvier 2004, ni les règlements grand-ducaux des 6 novembre 2009 et 30 novembre 2012 n’avaient instauré une possibilité de concertation du public préalablement à la désignation de zones de protection spéciale et zones spéciales de conservation, voire à leur localisation géographique exacte et, d’autre part, qu’il ne ressortait pas non plus des éléments soumis à son appréciation qu’une quelconque concertation du public avait précédé l’adoption desdits règlements grand-ducaux ayant permis audit public de prendre effectivement part à ces élaborations conformément à l’article 8 de la Convention d’Aarhus.

 

Les premiers juges écartèrent en conséquence l’application des règlements grand-ducaux des 6 novembre 2009 et 30 novembre 2012 pour violation de l’article 95 de la Constitution. »

Och wa lescht genannt groussherzoglech Reglementer formaljuristesch net annuléiert goufen, sou wäerte si an engem Prozess duerch virgenannten Illegalitéit net déi néideg legal Basis kënne liwweren fir Decisiounen ze begrënnen.

Dëst virausgeschéckt huet den Ëmweltministär viru kuerzem iwwer d’Neiausweisung vun enger ZPS an divers Habitatzonen (ZSC) an diversen Zeitungen informéiert. Et geet hei ëm insgesamt 9 Natura-2000-Gebidder.

Ech wéilt duerfir folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen :

  • Kann d’Madamm Ëmweltministesch confirméieren, dat zu Lëtzebuerg 48 Habitat- an 18 Vulleschutzgebidder rechtlech net méi protegéiert sinn (well d’Reglement op deem se foussen entweder annuléiert gouf respektiv hir Legalitéit am Eenzelfall a Fro gestallt ass)?
    • Wa jo, wéi bewert d’Madamm Ëmweltministesch dësen Zoustand?
    • Wann net, wéi schätzt d’Madamm Ëmweltministesch déi aktuell Situatioun an?

 

  • Kann d’Madamm Ëmweltministesch mir matdeelen:
    • Wéi vill individuell negativ Decisiounen den Ëmweltministär no Enn 2017 geholl huet an deem sech op virgenannte Reglementer baséiert gouf?
    • Wéi vill Baugenehmegungen goufen zanter Enn 2017 wéinst Localisatioun an engem vun dësen Natura-2000-Gebidder net accordéiert?
    • Wéi vill Impaktstudien fir Projeten goufen zanter Enn 2017 wéinst Präsenz an engem Natura-2000-Gebidd vum Emweltministär gefuedert?
    • Wéi vill Oplagen foussen zanterhir op dëse Reglementer?

 

  • A wéi fern huet de Ministär zanterhir déi ëffentlech Bedeelegungsprozeduren iwwerschafft? Wéi gëtt séchergestallt, dass den Artikel 8 vun der Aarhus-Konventioun aktuell an an Zukunft respektéiert gëtt?

 

  • Kann d’Madamm Minister erklären wat sech duerch déi nei Texter konkret un de schonn ausgewisenen ZSC wäert änneren (LU0001010, LU0001013, LU0001014, LU0001051, LU0001066, LU0001067, LU0001072)?

 

  • Kann d’Madamm Ministesch erklären wat sech duerch déi nei Texter konkret un der fréierer ZPS LU0002014 wäert änneren?

 

  • Ergi sech aus deenen nei ausgewisenen Natura-2000-Gebidder nei Zielsetzungen, Oplagen etc. fir d’Besëtzer vun Terraien an deenen Zonen? Kommen ggf. nei Zielsetzungen, Oplagen fir d‘Landwirtschaft dobäi, déi en Impakt hun op d‘landwirtschaftlech Aktivitéiten?

 

  • Vill Extensivprogrammen sollen prioritär an sensiblen Gebidder ëmgesaat gin an d’Lokalisatioun an desen Gebidder ass och eng Bedingung fir eng Bedeelegung. Kennen eis Baueren dann elo an desen Gebidder bis zu enger neier definitiver Ausweisung net méi deelhuelen?

 

  • Firwat ginn net sämtlech ZSC / ZPS, déi duerch groussherzoglech Reglementer vun 2009, 2012 an 2016 ausgewisen goufen, nei ausgewisen fir all Rechtsonsécherheet aus dem Wee ze raumen ?

 

Mat déifstem Respekt,

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck