Den dueblen Diplom (BAC+DAP) ass am Koalitiounsvertrag ugekënnigt ginn – wat ass geschitt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Am Koalitiounsaccord 2018-2023 gëtt am Kapitel iwwer d’Moderniséierung vun der Offer vun der Beruffsausbildung e sougenannten duebelen Diplom als Ofschloss vum Enseignement Secondaire an Aussiicht gestallt : „Un double diplôme sera introduit au niveau de la classe de fin d’études secondaires. Ainsi, les élèves auront la possibilité de passer leur baccalauréat en même temps qu’ils pourront obtenir un diplôme d’aptitude professionnelle (DAP). La possibilité de la création d’un bac professionnel sera analysée.“

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen :

  • Kann den Här Minister eis iwwer den aktuelle Stand vun der Aféierung vun dësem duebelen Diplom informéieren ?
  • Ass ee Pilotprojet amgaangen ?
    • Wa jo, a wéi engem Lycée a wat sinn déi aktuell praktesch Erfarungen domat ?
    • Wann net, wat sinn d’Grënn dofir, dass deen am Koalitiounsaccord verankerte Projet bis elo net ëmgesat gouf ?
    • Ass geplangt, deen an dëser Legislaturperiod nach ulafen ze loossen ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                        Marc Spautz

Co-Fraktiounspresidentin                               Deputéierten

 

Zréck