Dem ganze Secteur événementiel geet et an der aktueller Krise ganz schlecht an e konnt net vu staatlechen Hëllefe profitéieren. Gedenkt d’Regierung an Zukunft och dës Betriber ze ënnerstëtzen? Wa jo, ginn et scho konkret Pisten?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Häre Ministere fir Ekonomie a Mëttelstand weider ze leeden.

Dem ganze Secteur événementiel geet et an der aktueller Krise ganz schlecht, well aus evidente Grënn all Opträg ewechfalen an och kaum elo scho vill geplangt gëtt fir déi nächst Méint. Eisen Informatiounen no sti verschidde Betriber kuerz virun der Faillite. Bis elo konnt dee ganze Secteur net vu staatlechen Hëllefe profitéieren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un déi concernéiert Ministere stellen:

  1. Kann d’Regierung d’Informatioune bestätegen datt et éischt Faillitten am Secteur événementiel ginn ?
  2. Gedenkt d’Regierung an Zukunft och dës Betriber ze ënnerstëtzen? Wa jo, ginn et scho konkret Pisten?
  3. Huet d’Regierung eng Analyse gemaach fir erauszefanne wéi eng Secteuren nach momentan net vu Bäihëllefe kënne profitéieren? Wa jo, wéi eng Secteure sinn dat? Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir och deene Secteuren ze hëllefen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                   Laurent Mosar

Deputéiert                                           Deputéierten

Zréck