Déi afrikanesch Schwengspescht réckelt ëmmer méi no u Lëtzebuerg: Wat geschitt am Fall wou d’Schwengspescht hei géif opkommen?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP432

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech des parlamentaresch Fro iwwert déi afrikanesch Schwengspescht un den Här Landwirtschaftsminister, un Madamm Minister fir Ëmwelt an un den Här Minister fir Tourismus weiderzeleeden.

Déi afrikanesch Schwengspescht réckelt ëmmer méi no un déi lëtzebuerger Grenz. Läscht Woch gouf zu Differt bei Messancy e Wëllschwäinkadaver positiv op de Virus getest. Déi Uertschaft läit nëmme knapp 3 Kilometer vum lëtzebuerger Territoire ewech.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister, der Madamm Minister fir Ëmwelt an dem Här Minister fir Tourismus folgend Froe stellen.

  • Wat geschitt konkret am Fall wou d’Schwengspescht hei zu Lëtzebuerg géif opkommen?
  • Gett an deem Gebitt wou de Fall virkënnt eng sougenannten « Spärzon » ageriicht ? Wei grouss wier déi Schutzzon ?
  • Wat sinn d’Konsequenze fir d’Schwengsbetriber déi a sou enger Schutzzone géife leien? Musse Schwäin da präventiv gekeult ginn? Ginn déi betraffen Ziichter an deem Fall entschiedegt ?
  • Wat sinn d‘Konsequenzen op déi aner Betriber a sou enger Schutzzon déi net an der Schwéngszuucht aktiv sinn ?
  • Däerf dat Fudder wat op den Aker an enger betraffener Zone wiisst onbeschränkt recoltéiert ginn?
  • Wei ass et mat der Recolte vun den Drauwe wann e Fall vu Schwengspescht an der Muselgéigend géif nogewise ginn ?
  • Wéi eng Konsequenzen entstinn am Fall vun der Schwengspescht fir den Tourismus? Ginn da Wanderweeër an de Bëscher gespaart? Wann jo a wéi engem Radius?

D’Jeeër sti virun dem Problem, datt si fir de Moment de Wëllschwäin net méi lass ginn.

  • Wéi agéiert den Ëmweltministère fir ze verhënneren datt d‘ Wëllschwäinpopulatioun zou huelt?
  • Ginn vun all geschossene Wëllschwäi Prouwe geholl fir ze kontrolléieren op si ASP fräi sinn? Wann jo – zanter wéini ? Wann neen – firwat net?
  • Wéi probéiert Regierung d’Iwwerlafe vun de Wëllschwäin iwwer d’belsch/lëtzebuerger Grenz ze verhënneren ?
  • Wat ass Positioun vun der Regierung zu der franséischer Initiativ, systematesch all Wëllschwäin op der belscher Grenz ze schéisse respektiv e Schutzdrot opzeriichten ?

Eng vun den aktuelle Präventivmoossnamen ass déi, dass Wëllschwäinkadaver , bei deenen Doudesursaach net offensichtlech ass , op den ASP-Virus getest ginn. Op den 21 Februar 2019 goufen 114 Wëllschwäin ageschéckt, 113 mol war den Test negativ, 1 Resultat steet nach op.

  • Wann net den ASP-Virus fir den Doud vun dëse Wëllschwäi verantwortlech ass, u wei enge Ursaache sinn dës Déiere da gestuerwen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck