Deelt d’Regierung d’Meenung, datt dës Demarchen dem Léierpersonal ze vill Zäit ewechhuelen, an där et sech net ëm den Encadrement vun de Kanner këmmere kann?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kandheet a Jugend weider ze leeden.

Duerch déi aktuell Pandemie an déi héich Infektiounszuele bei de Schoulkanner hu sech generell d’Aufgabe vum Léierpersonal a vun alle Leit, déi d’Kanner an de Schoulen an Accueil-Strukturen encadréieren, staark verännert a si musse ganz vill administrativ Demarchen am Fall vun engem positive Schüler iwwerhuelen. Esou ass am Cycle 1 virgesinn, datt am Fall vun engem „Cas contact“ d’Eltere wärend enger Woch moies doheem e Schnelltest maachen. Wann dëse positiv ass, mussen d’Elteren dat der Léierpersoun mellen. Dono muss dann d’Léierpersoun d‘Santé, de Schoulcomité, d‘Regionaldirektioun an all aner Elteren aus der Klass informéieren. Hei geet ganz vill Zäit verluer, an där d’Léierpersonal sech net ëm d’Kanner këmmere kann.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Deelt d’Regierung d’Meenung, datt dës Demarchen dem Léierpersonal ze vill Zäit ewechhuelen, an där et sech net ëm den Encadrement vun de Kanner këmmere kann?
  2. Wa jo, ass d’Regierung bereet, e Mail-System oder eng App z‘entwéckelen, bei deem all déi Concernéiert direkt informéiert ginn, soubal Eltere mellen, datt hiert Kand positiv ass?
  3. Et kann ee feststellen, datt op der Homepage vum Educatiounsministère, op där sécherlech vill Eltere sech informéieren, nieft de Mesuren, déi aktuell a Kraaft sinn, och nach eng ganz Rei Informatioune stinn, déi net méi aktuell sinn an domat zur Konfusioun kënne bäidroen. Ass d’Regierung bereet, kuerzfristeg d’Homepage esou ze gestallten, datt just nach déi aktuellst Mesuren ofzeruffe sinn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck