Deelt den Här Minister d’Aschätzung, datt mir kee Problem mam Wunnengsbau hei am Land hunn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister weider ze leeden.

Den 10. November 2021 huet d’Denkfabrik IDEA eng Konferenz iwwer Logementspolitik organiséiert mam Titel : “politique(s) du logement bons motifs, gros montants, faux problèmes, vrais enjeux, et cetera”. An engem längeren Artikel an enger lëtzebuerger Dageszeitung vum 15. November 2021 konnt een iwwerraschend Aussoen noliesen, sou zum Beispill huet den Senior Economist vun IDEA d‘Fro gestallt op mir zu Lëtzebuerg iwwerhaapt e Logementsproblem hätten? Och Propositiounen vun den aneren Intervenanten waren deels befriemlech.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister stellen :

  • Huet den Här Minister Kenntnis vum Artikel mam Titel “Luxemburgs Wohnungsbaupoltik ist ein grosser Erfolg” vum 15. November 2021?
  • Deelt den Här Minister d’Aschätzung, datt mir kee Problem mam Wunnengsbau hei am Land hunn?
  • Ass den Här Minister net der Meenung, dass dëse Reportage e Schlag an d’Gesiicht fir déi jonk Leit ass déi händeringend eng bezuelbar Wunneng sichen?
  • Wéi ass d’Aschätzung vum zoustännege Ressort Minister ronderëm de Risiko vun enger Immobiliëblos hei zu Lëtzebuerg?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck