De Kierchefong ass gewellt an Zukunft an de soziale Mietwunnengsbau ze investéieren. Laut Medieninformatioune gëtt de Kierchefong fir de Moment awer an dëse Bestriewunge vum Wunnengsbauministère ausgebremst fir staatlech subventionéiert Sozialwunnengen ze bauen.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 1013

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Wunnengsbau weiderzeleeden.

De Kierchefong ass gewellt an Zukunft an de soziale Mietwunnengsbau ze investéieren. Laut Medieninformatioune gëtt de Kierchefong fir de Moment awer an dëse Bestriewunge vum Wunnengsbauministère ausgebremst fir staatlech subventionéiert Sozialwunnengen ze bauen.

Op der enger Säit geet em bestoend Konventioune wou Ënnerschrëfte vum Ministère feelen, ouni déi keng staatlech Gelder kenne fléissen. Op der anerer Säit ginn et vir Bauprojeten, vun deene verschiddener schon am Bau sinn, een Accord de Principe säitens vum Ministère, leider goufen d’Konventiounen awer nach net validéiert.

Laut eisen Informatiounen wier de Ministère am gaangen verschidden Subventionéierungskritären, och fir schonns ofgeseente Projeten, ze änneren!

Konkret soll d‘Lafzäit vun de Konventioune vun 20 op 40 Joer an d’Luucht gesat ginn esou dass déi sozial Mietwunnenge während opmanst 40 Joer ennert soziale Critèren musse verlount ginn.

Mir wéilte gäer folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Regierung plädéiert ëmmer erëm, dass méi privat Acteuren sech am soziale Wunnengsbau sollen engagéieren, ass Regierung net der Meenung, dass Verduebelung vun der Lafzäit vun de Konventiounen net éischter kontraproduktiv ass a potentiell privat Acteuren dovunner ofhält an de soziale Mietwunnengsbau z’investéieren ?

 

  • Et ass e Fakt datt eng Penurie bei de soziale Mietwunnengen besteet, aus wat fir engem Grond ginn déi Demanden déi zanter 10 Méint um Dësch leien fir sozial Mietwunnengen ze bauen net validéiert? Sollt net fir d’éischt déi gesetzlech Basis ugepasst ginn amplaz op Zäit ze spillen?

 

  • Ass d’Regierung net der Meenung, dass sech duerch déi uewegenannte geplangte Moossname d‘Lag um soziale Mietwunnengsbau éischter wäert weider zouspëtze wéi entspanen ?

 

  • Wa nee firwat ass d’Regierung net dëser Meenung ?

 

  • Iwwer wéi e Wee well d’Regierung an Zukunft privat Acteuren incitéiere fir an de soziale Mietwunnengsbau z’investéieren ?

Här President, ech bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Gilles Roth
Deputéierten

 

 

 

Zréck