De Fluchhafen Wien huet rezent en duerchaus positive Bilan a Saache Nohaltegkeet gezunn. Déi Verantwortlech hätte säit 2011 den CO2-Ausstouss ëm 70% an den Energieverbrauch ëm 40% reduzéiert. D’Ziel fir 2030 heescht d’CO2-Neutralitéit. Wéi ee Bilan kënnen d’Bedreiwer vum Lëtzebuerger Fluchhafen um Findel a Saache Nohaltegkeet zéien?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

De Fluchhafen Wien huet rezent en duerchaus positive Bilan a Saache Nohaltegkeet gezunn. Déi Verantwortlech hätte säit 2011 den CO2-Ausstouss ëm 70% an den Energieverbrauch ëm 40% reduzéiert. D’Ziel fir 2030 heescht d’CO2-Neutralitéit.

Ech wéilt dowéinst folgend Froen un déi betraffe Ministre stellen:

  • Wéi gesäit d’CO2-Bilanz vum Lëtzebuerger Fluchhafen um Findel aus?
  • Wéi eng Zieler huet sech eise Fluchhafenbedreiwer bis 2030 gesat?
  • Laut enger Etüd am Optrag vun der EU-Kommissioun, géif d’Aféierung vun enger CO2-Steier d’Fluchticketën zu Lëtzebuerg ëm bis zu 45% méi deier maachen an d’Unzuel u Flich ëm 48% drosselen.
    • Kennen d‘Ministeren dës Etüd?
    • Wéi bewäerten si dës Etüd?
    • Wéi een Afloss hunn dës Projektiounen op d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung vis-à-vis vun enger CO2-Steier?
    • Wéi integréiert de Fluchhafebedreiwer dës Parameteren a seng Nohaltegkeetsstrategie?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck