Däitschland huet eng Reduktioun vum TVA-Saz ugekënnegt. Denkt eis Regierung och iwwer eng generell Baisse vun den TVA-Säz no? Wann nee, wéi gedenkt d’Regierung d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken an d’Kompetitivitéit virum allem vun de mëttelstännege Betriber (am Handel etc.) mindestens ze erhalen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an un d’Häre fir Wirtschaft an Mëttelstand weiderzeleeden.

Déi däitsch Bundesregierung huet sech no 2-deegege Verhandlungen gëschter Owend op e Konjunkturpak gëeenegt.

Ënnert den ugekënnegte Moossnamen ass och eng Reduktioun vum normale TVA-Saz vun 19% op 16% geplangt, genausou wéi en Erofsetzen vum reduzéierten Taux vun 7% op 5%.

Domat wier och den normalen TVA-Saz an Däitschland bis un d’Enn vun dësem Joer méi niddreg wéi deen zu Lëtzebuerg.

Laut enger rezenter Etüd iwwer d’Präisser an der Groussregioun wier Däitschland haut scho präislech am kompetitiivsten. Si erreechen an der Moyenne e Wäert vun 93,2 bäi engem Referenzwäert vun 100. Lëtzebuerg steet do just op 3. Plaz (99,9) virun eise belschen Noperen.

Opgrond vun dësen Ausféierungen wéilt ech folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

  • Denkt d’Regierung iwwer eng generell Baisse vun den TVA-Säz no?

 

  • Wa jo, beabsichtegt d’Regierung d’TVA-Säz vu virum Spuerpak 2015 nees anzeféieren?

 

  • Wann nee, wéi gedenkt d’Regierung d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken an d’Kompetitivitéit virum allem vun de mëttelstännege Betriber (am Handel etc.) mindestens ze erhalen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm
Deputéiert

Zréck