Däerfe Schüler am ECG an Zukunft net méi tëscht Franséisch an Englesch als “branche fondamentale” entscheeden ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Zënter 2019 léisst den ECG (Ecole de Commerce et de Gestion) senge Schüler vu 4e bis 1re am Enseignement secondaire général bei de Sproochen de Choix, andeem si tëschent Franséisch an Englesch als „Branche fondamentale“ kënne wielen. Dat ass 2019 esou autoriséiert ginn a soll mengen Informatiounen no vun der Schoulrentrée 2023/2024 net méi däerfe weidergefouert ginn, ausser op den 2e- a 1ere-Klasse „Marketing“ a „Finanzen“.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:
Wéi motivéiert den Här Minister seng entspriechend Decisioun?
Firwat däerfe Schüler op de 4e GCM- an 3e GCM-Klasse souwéi och an der 2e a 1ere GCG-Sektioun (Gestion) dëse Choix net méi hunn?
Ass eng Evaluatioun vum Konzept vum Choix tëschent Franséisch an Englesch als „Branche fondamentale“ gemaach ginn?
Wa jo, wien huet déi Evaluatioun duerchgefouert a wéi eng Conclusioune goufe gezunn?
Wann net, firwat net?
Wéi erkläert den Här Minister d’Ofschafe vun dësem Choix an engem „traditionellen“ ëffentleche Lycée, wärend seng allgemeng Bildungspolitik duerch eng grouss Ouverture bei Enseignement an Evaluatioun vun de Sprooche gekennzeechent ass an de Choix tëschent verschiddene Sproochen an den ëffentlechen Europaschoule systematesch gefërdert gëtt?
Wéi erkläert den Här Minister d’Tatsaach, dass Bréiwer vu verschiddene Membere vun der Communauté scolaire (Elterecomité, Schülercomité, Conférence du lycée, SePAS, Franséisch- an Englesch-Professeren a Schouldirektioun) net consideréiert ginn ?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Co-Fraktiounspresidentin

Zréck