Aus wéi engem Grond huet d’Madamm Ministesch en eventuelle Refus vun der Approbatioun vun dësem PAG kommentéiert, obwuel en nach an der Prozedur ass?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

An engem Interview um Radio 100.7 huet d’Madamm Inneministesch sech zum PAG vun der Staat Esch geäussert. De PAG ass momentan nach an der Prozedur, sou dass si dësen zu dem Zäitpunkt, wéi si selwer am Interview confirméiert huet, weder virleien nach gelies konnt hunn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

Aus wéi engem Grond huet d’Madamm Ministesch en eventuelle Refus vun der Approbatioun vun dësem PAG kommentéiert, obwuel en nach an der Prozedur ass?
Mengt d’Madamm Ministesch net, dass si misst objektiv an neutral bleiwe par Rapport zu PAG’en, déi nach an der Prozedur sinn, an net schonns en eventuelle Refus d’Approbatioun undeiten, ier si deen definitiven vum Escher Gemengerot gestëmmte PAG iwwerhaapt virleien hat?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Gilles Roth                                                                  Michel Wolter

Deputéierten                                                                  Deputéierten

Zréck