Bleift de Beruff vum Aide-soignant no der Reorganisatioun vun der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer weider bestoen?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Laut dem Leserbréif vun der Presidentin vun der „Association luxembourgeoise des aides-soignantes“ vum 30. November 2022 am „Luxemburger Wort“ stelle sech d’Aide-soignanten aktuell d’Fro, wéi et ëm d’Zukunft vun hirem Beruff steet. An engem Dokument um Site vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vum 3. Mee 2021, dat mat „La réorganisation de la formation des professions de santé au Luxembourg“ iwwerschriwwen ass an zu deem och e „Schéma organisationnel“ gehéiert, gëtt de Beruff vum Aide-soignant nämlech net méi ernimmt.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Bleift de Beruff vum Aide-soignant no der Reorganisatioun vun der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer weider bestoen?
    • Wa jo, wéi eng Attributioune kritt en?
      • Wéini ginn d’ Attributiounen nei definéiert?
    • Wann net, firwat net?
      • Duerch wéi eng Qualifikatioune gëtt den Aide-soignant ersat?
    • Wéi eng Perspektive kréien déi aktuell Aide-soignanten ugebueden?
    • Ass bei der Reform mat de Représentante vun den Aide-soignantë geschwat ginn?
      • Wa jo, wat war d’Conclusioun vun deene Gespréicher?
      • Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck