Bitt d’Steierverwaltung deen néidegen telefonesche Support fir d‘Bierger, wann se konkret Froen hunn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Finanzministesch weiderzeleeden.

 

Dem digitalen Zäitalter entspriechend, bitt d‘ Steierverwaltung zu Lëtzebuerg mëttlerweil vill vun hire Servicer am Beräich vun den direkte Steieren, der Grondsteier oder aneren Ausgaben, automatiséiert un.  Deemno huet de Bierger an Eenzelfäll keen direkten Uspriechpartner bei der Steierverwaltung méi, a ka säi perséinlecht Uleies net ëmmer an dem gewënschten Zäitraum oder ënnert deene gewënschte Konditioune matdeelen.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Finanzministesch stellen:

 

  • Bitt d’Steierverwaltung deen néidegen telefonesche Support fir d‘Bierger, wann se konkret Froen hunn?
  • Ass Demande vun de Bierger no méi automatiséierte Servicer vun der Steierverwaltung do?
    • Ass Demande vun de Bierger no méi perséinlechem Support do?
    • Wéi gesäit d’Madamm Ministesch dës Entwécklung an der Zukunft?

 

 

Här President, ech bieden Iech des Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck