Bidden d’Maisons relais de Kanner och wärend der Summervakanz Covid19-Schnelltester un?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no, hunn a verschidde Gemengen d’Maisons relais elo wärend der Summervakanz opgehale Covid19- Schnelltester ze offréiere fir datt sech d’Kanner kënnen teste loossen. Di betraffe Schüler hunn domadder just d’Méiglechkeet fir sech reegelméisseg bei hirer Gemeng ze melle fir do en zertifiéierten Auto-Schnelltest kënnen ze maachen.

Dëst obwuel d’Aféierung vu Schnelltester an de Schoulen- a Betreiungsstrukturen e weideren Deel vun der Covid-Strategie vum MEN duerstellt.

An deem Kontext welle mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann de Minister eis des Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn firwat eenzel Betreiungsstrukture keng Schnelltester wärend der Summervakanz offréieren?
  • Hunn di eenzel Strukturen genuch Material fir ze testen ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Martine Hansen                                                                                Françoise Hetto

Co-Fraktiounspresidentin                                                                      Deputéierten

Zréck