Besteet eng Prozedur, iwwer déi de Ministère d’Notzung vun de Finanzbäihëllefe fir de „Science Center“ kontrolléiert?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Laut en engem rezente Presseartikel huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend d’Finanzinspektioun ageschalt fir ze klären, a wéi wäit de „Science Center“ zu Déifferdeng op engem Firmegeflecht baséiert, dat ronderëm säin Direkter opgebaut ass respektiv op dës Persoun zougeschnidden ass.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

Spezifesch zu dem beschriwwene Firmegeflecht:

  • Zu wéi engem Moment gouf et déi éischt Verdachtsmomenter an Bezuch op d’Gouvernance vum „Science Center“ respektiv d’Firmegeflecht hannendrun?
  • Wouranner hunn déi Opfällegkeete bestanen?
  • Wéi huet de Ministère reagéiert a wien gouf doriwwer informéiert?
  • Wéi eng laangfristeg Moossnamen si geplangt, fir d’Gouvernance vum „Science Center“ ze verbesseren?
  • A wéi wäit hunn déi aktuell Zweiwelen un der Gouvernance en Impakt op de Betrib vum „Science Center“ an op déi zukünfteg Finanzbäihëllefen?

Ganz allgemeng zu der Relatioun tëschent  dem „Science Center“ an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend:

  • Besteet eng Prozedur, iwwer déi de Ministère d’Notzung vun de Finanzbäihëllefe fir de „Science Center“ kontrolléiert?
    • Wa jo, wéi ginn déi Kontrolle praktesch ëmgesat a vu wiem ginn se duerchgefouert?
    • Wann net, firwat net?
  • Wien ass responsabel fir d’Zesummesetzung vum Verwaltungsrot vum „Science Center“?
    • Wien nennt d’Leit op déi respektiv Posten?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Diane Adehm                             Martine Hansen

Deputéiert                         Co-Fraktionspresidentin

Zréck