Bei wichtege medezineschen Traitementer déi wärend enger Zäit musse widderholl ginn, huet eng verséchert Persoun en Taxitransport zu Gutt. Firwat kommen hei oft nach Fraisen op de Patient duer déi dëse selwer droe muss ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

 

Eng verséchert Persoun huet am Fall vun engem Traitement dat wärend enger Zäit muss widderholl ginn (wéi zB. Chimiotherapie, Radiotherapie an Dialyse) en Taxitransport zu Gutt, deen vun der CNS iwwerholl gëtt, ënnert der Viraussetzung datt dës Persoun eng ordonnance médicale vum Dokter, deen en charge vum Traitement ass, virweisen kann.

Esou wéi een um Site vun der Gesondheetskeess kann noliesen géing d’Prise en Charge vun de Käschten baséieren op:

  • engem Mindestbetrag vun 6,56 € pro Trajet,
  • engem Kilometerbetrag vun 1,64 € pro Kilometer fir Eenzeltrajeten
  • 0,82 € pro Kilometer fir een Trajet wou och en Retour vun der transportéierter Persoun abegraff ass
  • 0,28 € pro Minutt vir d’Waardezäit

 

Desweideren kann een awer och liesen dass um Enn oft nach Frais’en ob de Patient duerkommen, déi dësen muss selwer droen:

« Pour les transports en taxi, il reste souvent des frais à charge de l’assuré. Renseignez-vous à l’avance des tarifs appliqués par l’entreprise de transport. »

Vu datt et hei em essentiel Traitementer am Kader vun der Gesondheetsversuergung geet, wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen:

  • Deelt den Här Minister d’Opfaassung datt et hei em wichteg Traitementer am Kader vun der Gesondheetsversuergung geet an datt et evident ass dat an esou Fäll egal wéi de ganze Montant vun der CNS muss iwwerholl ginn, an esou keng zousätzlech Frais’en vum Patienten mussen iwwerholl ginn ?
  • Wëssend datt besonnesch Patienten aus dem ländlechen Raum dacks méi e wäiten Wee hunn vir an e Spidol ze kommen, oder einfach gewëssen Patienten méi ob en Taxitransport ugewisen sinn wéi anerer, mengt den Här Minister net och, datt een keen dierf bei der Gesondheetsversuergung benodeelegen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck