Bannent wéi engem Delai ginn d’Dokteren vun der CNS rembourséiert ?

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, biede mir lech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Sozialversécherung weiderzeleeden.

Aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro, geet ervir dass den nationale Remboursement fir de Beneficiaire (Patient) vun der Gesondheetskeess (CNS) innerhalb vun engem Dag ofgeschloss ass.

An deem Zesummenhang wéilte mir dem Minister dës Froe stellen:

Wat sinn d’Délais moyens vun de Remboursementer fir de Prestataire (Dokter) ab dem Zäitpunkt wou de Relevé (en bonne et due forme) bei der Krankekeess erageschéckt hunn?
Gett et eng konkret Zilvirgab innerhalb vu wei engem Delai d‘ Doktere musse rembourséiert gin?
Mat déiwem Respekt,

Claude Wiseler                                                                                         Jean-Marie Halsdorf

 

Deputéierten

Zréck