Autonomous Rail Rapid Transit a China: ass d’Regierung der Meenung datt dëst eng Alternativ am ëffentlechen Transport ka ginn, notamment fir déi Regiounen am Land wou keen Tram virgesinn ass?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP359

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

A China ass kierzlech de Prototyp vun engem neien ëffentleche Verkéiersmëttel, genannt ART (Autonomous Rail Rapid Transit) virgestallt ginn. Dës Mëschung tëscht Bus an Tram gesäit aus wéi eng normal Stroossebunn, brauch awer weder Schinnen nach Uewerleitungen.

Ugedriwwe gëtt den ART duerch en Lithium-Titanat Akku, an duerch Sensoren déi gestréchelt Linnen op der Fuerbunn erkennen, fiert dëst neiaartegt Verkéiersmëttel wäitestgehend autonom.

Matt bis zu 70 Stonnekilometer kënne jee no Versioun 300 bis 500 Persounen transportéiert ginn. Doduerch datt d’Strecke vill méi einfach a flexibel festgeluecht kënne ginn, ass den ART besonnesch fir kléng a mëttelgrouss Stied eng interessant Léisung, zemools well en och wesentlech manner kascht wéi e konventionellen Tram.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kennt d’Regierung de Projet aus China?
  • Wa jo, ass d’Regierung der Meenung datt dëst eng Alternativ am ëffentlechen Transport ka ginn, notamment fir déi Regiounen am Land wou keen Tram virgesinn ass?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck